background background

Suessem

Fabienne Erpelding

  • Kontaktpersoun fir d'Partei Comitésmember
  • Alter : 33
  • Familljestand : bestuet, Mamm vun 2 Kanner (1 Meedchen an 1 Jong)
  • Wunnuert : Zolwer
  • Beruff : diplôméiert Infirmière
  • politescht Engagement : Member vun déi gréng Suessem - Member vun der Kultur- an der Sportskommissioun - als Elterevertriederin Member vun der Schoulkommissioun an der Kommissioun fir schoulesch Ugeleeënheeten - Member vum Aarbechtsgrupp Santé
  • Mandater : Comitésmember a Kontaktpersoun fir d'Partei bei déi gréng Suessem
  • perséinlecht Engagement : Elterevertrieder vun der Schoul Éilereng an iwwer dës Funktioun och Member vun der Schoulkommissioun a vum Aarbechtsgrupp "restauration scolaire" - Member vum Conseil supérieur de certaines professions de Santé - Member bei der Senioren Gemeng Suessem Asbl
  • Hobby a Fräizäit : Kachen, Spazéiren, Danzen an méng Kanner
  • Interessien : Erzéiung, Sozialberäich, Sport, Gesondheet, Senioren
  • Zitat : "Liebe es zu handeln und überlasse Anderen das Reden" (Zitat vum Balthasar)

Wisou engagéieren ech mech an der Gemengepolitik ?

Ech engagéiere mech well ech iwerzeegt sin, dass et nach vill ze maachen gëtt suwuel fir d'Edukatioun an hir äusserschoulesch Strukturen, ewéi och fir d sozial Gerechtegkeet fir eis Bierger an eng modern Gesondheetspolitik suwuel op lokalem ewéi op nationalem Niveau. Och am Sport- an am Kultursecteur gin et nach Baustellen déi een kann an Ugrëff huelen. Fir mech ass et wichteg, dass keen vergiess gëtt an eiser Gesellschaft an mir och deenen soziale Schwaachen ënnert d’Aerm gräifen, respektiv se an d’Gesellschaft integréieren. Mir schafen Zukunft fir jidfereen.

A firwat bei "déi gréng" ?

Ech sin zanter 2017 bei déi gréng engagéiert, well et eng Partei ass wou d'Chancegläichheet zwëscht Fra an Mann absolut respektéiert gëtt, jidfereen zu Wuert kënnt an engem séng Iddien oppen diskutéiert an respektéiert gin. Mir hun äusserdeem eng flott Ambiance an eng gudd Stëmmung an eiser jonk an dynamescher Ekipp.