background background

Suessem

Gemengewalen 2023

Eise leschte “grénge” Flyer virun de Walen

Eise “grénge” Walprogramm

Unser “grünes” Wahlprogramm

EIS EQUIPE FIR D’GEMENGEWALEN 2023

E SCHNELLEN 1. BLÉCK OP EIS KANDIDAT:INNEN AM VIDEOCLIP

AN HEI DÉI GRÉNG LËSCHT FIR D'GEMENG SUESSEM AM DÉTAIL

MIR SCHAFEN ZUKUNFT

Moien,

Am Juni si Gemengewalen. Dann decidéiert där, léif Bierger*innen, iwwert d’Zukunft vun eiser Gemeng.

Déi lescht Joer weisen, datt eis Gemeng eng politesch Erneierung mat enger neier Equipe brauch, déi ambitiéis Léisungen ëmsetzt mam Zil, eng méi liewenswäert Gemeng ze schafen, d’Bierger*innen an hirem Alldag z’ënnerstëtzen a jiddwerengem déi selwecht Chancen ze bidden.

De Stëllstand ass kee Wee fir d’Zukunft. Dofir loosst eis zesummen en anere Wee aschloen an eis Zukunft schafen, mat engem frësche Wand fir d’Gemeng Suessem!

Serge FaberFabienne Erpelding
SpëtzekandidatSpëtzekandidatin

Serge Faber

Grénge Spëtzekandidat

Ech sinn de Serge, hunn 53 Joer an ech wunnen zënter 25 Joer an eiser Suessemer Gemeng zu Éilereng. Ech si bestuet an hu 4 Kanner. 

Meng Kanner sinn et och, déi mech indirekt dozou beweegt hunn fir mech politesch ze engagéieren. Als Papp ass et net nëmme mäi grousst Uleies, mee och meng Flicht fir dozou bäizedroe menge Kanner an de nächste Generatiounen e liewenswäerte Planéit an eng sozialgerecht Gesellschaft ze hannerloossen.

De Klimawandel an de Biodiversitéitsverloscht sinn eng Realitéit. Dofir ass et wichteg, datt mär alleguerten ufänke méi nohalteg a méi ëmweltbewosst ze denken an ze liewen. Déi eng maachen dobäi grouss Schrëtt, déi aner maache méi kleng Schrëtt an nach anerer mussen emol motivéiert gi fir matzemaachen. Et ass kee perfekt, och ech net. Haaptsaach ass, datt mer an déi richteg Richtung viru kommen.

Nohaltegkeet huet awer net nëmme mat Ekologie ze dinn, mee Nohaltegkeet ass och ee Schlëssel fir den Zesummenhalt an der Gesellschaft. Nëmmen eng  sozialgerecht Gesellschaft, wou et kee risegen Ënnerscheed tëschent aarm a räich gëtt, wou et egal ass vu wou een hier kënnt, wou et egal ass wéi eng sexuell oder reliéis Orientéierung een huet, wou jonk an al zesummeschaffen, ass eng Gesellschaft, déi de Power huet fir déi haiteg global Erausfuerderungen ze meeschteren.

Fir mech vertrieden déi gréng dës Wäerter vu Nohaltegkeet an Zesummeliewen am beschten. Dofir hunn ech mech virun 11 Joer entscheet fir Member bei déi gréng ze ginn a mech fir dës Partei ze engagéieren. Meng Funktioun als Trésorier an domadder och Member vum Comité a vum Bureau excécutifs vun der Partei, erlaben et mär, och op nationalem Niveau déi gréng Iddien a Léisungsvirschléi aktiv mat auszeschaffen.

Fabienne Erpelding

Gréng Spëtzekandidatin

Mäin Numm ass Fabienne, ech sinn 33 Joer jonk, wunnen zu Zolwer, ech si bestuet a Mamm vun engem Meedche vu 4 Joer an engem Jong vun 2 Joer. 

Haaptberufflech schaffen ech als Infirmière bei der Stat Lëtzebuerg an der Schoulmedezin. Doduerch hunn ech vill mat Kanner ze dinn  a kann domatt och nach villes bäiléieren. Bis Enn 2021 hunn ech am Escher Spidol als Infirmière geschafft a war do ënnert anerem an der Personaldelegatioun. Ech sinn och haut nach ëmmer aktive Member beim OGBL.

Donieft sinn ech am ’Conseil supérieur de certaines Professions de Santé ’ als Member engagéiert an an 3 Gemengekommissiounen (Senioren-, Sports- an Kulturkommissioun)

Op nationalem Plang sinn ech aktive Member am Aarbechtsgrupp „Santé“ vun déi gréng.