background background

Suessem

Stéphanie Hoeltgen

  • Member
  • Alter : 31
  • Familljestand : en couple, Mamm vun engem Meedchen
  • Wunnuert : Bieles
  • Beruff : Enseignante an der Grondschoul
  • politescht Engagement : Member vun déi gréng Suessem
  • perséinlecht Engagement : Vize-Präsidentin vun engem Brietspillveräin am Süden
  • Hobby a Fräizäit : Spadséieren, Puzzle maachen a Brietspiller spillen, baken
  • Interessien : Erzéiung, Bildung, Ëmwelt

Wisou kandidéieren ech fir déi nächst Gemengewalen ?

Ech géif mech an der Gemeng gäere méi engagéieren, een oppent Ouer fir d‘Matbiergerinnen a Matbierger hunn an den sozialen Austausch fërderen.

Och léien mir dës Themen fir eis Gemeng um Häerzen:
- Verkéiersberouegung an eisen Dierfer
- Mobilité douce fërderen, mat enger passender Infrastruktur déi och dofir gemaach ass a mat deem Gedanke geplangt gouf
- Nohaltegkeet am Alldag fërderen, well och eis kleng Gesten schonn eng grouss Hëllef sinn

A firwat bei "déi gréng" ?

Ech hu gemierkt, datt vill Themen an Wäerter, wéi d‘Nohaltegkeet, de Respekt fir d‘Ëmwelt an d‘Klima, fir mech perséinlech ganz wichteg sinn an sech mat deenen vun déi gréng iwwerschneiden.
Sou war et fir mech relativ schnell kloer, datt dëst déi Partei ass, déi bei mech „passt“.
Bei „déi gréng“ hunn eng Plaz fonnt, wou ech mech mat enger ganz dynamescher Equipe iwwert dës Themen austausche kann.