background background

Suessem

Serge Faber

  • Gemengeconseiller, President vun déi gréng Suessem an Trésorier vun der Partei
  • Alter : 54
  • Familljestand : bestuet, Papp vu 4 Kanner
  • Wunnuert : Éilereng
  • Beruff : Staatsbeamten an der Direktioun vum Enregistrement (AED) - Chef vum Service Risiko Management an Advanced Analytics - Eurofisc Liaison Official am Kader vun der Bekämpfung vun der internationaler an organiséierter TVA-Fraude
  • politescht Engagement : Member vun déi gréng Suessem - Member vun der Finanz-, der Bauten- an der Ëmweltkommissioun - Member vum Klimateam - Member vum Gemengenaarbechtsgrupp "Logement" - Member vum parteiinternen Aarbechtsgrupp "Steieren"
  • Mandater : Trésorier vun der Partei - Member vum Bureau a vum Comité excécutif vun déi gréng - President a Comitésmember vun déi gréng Suessem 
  • perséinlecht Engagement : Member am Verwaltungsrot vum CIGL Suessem - Trésorier vun der Niklooswierk Éilereng Asbl
  • Hobby a Fräizäit : Politik, Schwammen, Kachen, Trëppelegoen (leider net oft genuch)
  • Interessien : Ëmwelt a Natur, Logement, Mobilitéit, Finanzen, Soziales,
  • Zitat : „Jeder dumme Junge kann einen Käfer zertreten. Aber alle Professoren der Welt können keinen herstellen.“ Arthur Schopenhauer (1788-1860)

Wisou engagéieren ech mech an der Gemengepolitik ?

Anescht wéi bei der nationaler Politik, déi fir villes ee gesetzleche Kader setzt an domatten graff Linne virgëtt, geet et an der Gemengepolitik drëms fir dëst op lokalem a regionalem Niveau konkret ëmzesetzen a Neel mat Käpp ze maachen.
Eis Gemeng Suessem huet an de leschte Joeren hire Krop ënnert de Pacte Logement, ënnert de Klima- an de Naturpakt an ënnert de Pakt vum Zesummeliewen gesat.
Eis Gemeng huet sech och ee Mobilitéitsplang ginn an eng ganz Rei Punkten am Plan National de Mobilité 2035 wäerten een Impakt op de Verkéier an eiser Gemeng hunn.
Villes dovunner steet bis elo awer eréischt um Pabeier.
A Pabeier ass, wéi mer all wëssen, ganz gedëlleg.
Ech wëll mech an de nächste Joeren mat vill Energie, Motivatioun a gesondem Mënscheverstand, awer och mat Nodrock an der néideger Konsequenz dofir asetzen, datt all déi Pakten a Pläng mam beschtméigleche Resultat fir d'Awunnerinnen an d'Awunner aus eiser Gemeng a Musék ëmgesat ginn.

A firwat bei "déi gréng" ?

Als Papp ass et net nëmme mäi grousst Uleies, mee och meng Flicht fir dozou bäizedroe menge Kanner an de nächste Generatiounen e liewenswäerte Planéit an eng sozialgerecht Gesellschaft ze hannerloossen. Fir mech vertrieden déi gréng mat hirer Politik d‘Wäerter vu Nohaltegkeet, vu Respekt vis-à-vis vun Ëmwelt a Natur a vu gläichberechtegtem Zesummeliewen am beschten.

Dofir hunn ech mech virun 12 Joer entscheet fir Member bei déi gréng ze ginn a mech fir dës Partei ze engagéieren.