background background

Suessem

Pit Steinmetz

  • Member
  • Alter : 39
  • Familljestand : gepacst, 3 Kanner
  • Wunnuert : Suessem
  • Beruff : Employé de l'État
  • politescht Engagement : Member vun déi gréng Suessem - Member vun der Ëmweltkommissioun - Member vum Aarbechtsgrupp "Naturpakt"
  • Hobby a Fräizäit : Liesen, Schach a Guitar spillen, Astronomie, Natur erliewen
  • Interessien : Divers Ëmwelthemen, Naturschutz, Urbansimus
  • Zitat : "Rien ne se perd, rien ne se crée, tout se transforme" (Antoine Lavoisier)

Wisou kandidéieren ech fir déi nächst Gemengewalen ?

Iwwert meng Aarbescht am Ëmweltberäich hunn ech eng Idee vu Naturschutz an Urbanismus kritt, déi ech gäeren mat der Sektioun vun déi gréng Suessem an der Gemeng iwwert konkret Projeten wéilt emsätzen. Mir geet et dobäi, ënnert anerem, ëm eng gezielte Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun den Awunner an der Gemeng, ob elo iwwert d´Schafe vu Fouss- a Velosweeëer, d'Ëmsätze vu verkéiersberouegende Moossnamen, d'Planzung vun ofschiermende Grénggiedelen oder d'Schafe vun ëffentleche Gréngraim, souwuel a bestehende wéi a neie Wunnzonen. Ausserdeem wëll ech mat menger Kandidatur aktiv eis Spëtzekandidate vun déi gréng Suessem ënnerstetzen.

A firwat bei "déi gréng" ?

Ech ka mech ganz gutt mat den Ideeën an der Philospophie vun déi gréng identifizéieren a mir gefällt besonnescht och d'Kollegialitéit an d´Dynamik an der Sektioun Suessem. Mir liewen an enger Zäit, wou Ëmweltfroen ëmmer méi wichteg ginn fir den Erhalt vun enger liewenswäerter Zukunft an déi gréng definéire fir mech an där Hisiicht déi richteg Prioritéiten.