background background

Suessem

Michèle Hornick

  • Comitésmember
  • Alter : 37
  • Familljestand : bestuet, Mamm vun 2 Kanner
  • Wunnuert : Bieles
  • Beruff : Préposée adjointe
  • politescht Engagement : Member vun déi gréng Suessem - Member vun der Chancegläichheets- an Diversitéitskommissioun
  • Mandater : Comitésmember vun déi gréng Suessem
  • perséinlecht Engagement : Comitésmember vum Interesseveräin Éilereng
  • Hobby a Fräizäit : Famill, Kachen, Photographie,
  • Interessien : Sozialberäich, Konscht, Ëmwelt a Natur
  • Zitat : "We don't inherit the earth from our ancestors, we borrow it from our children." (native american proverb)

Wisou engagéieren ech mech an der Gemengepolitik ?

Fir kënnen eppes ze änneren a fir dass d'Biergerinnnen a Bierger gehéiert kënne gin, muss ee selwer mat upaken. Esou kann een aktiv un der Gestaltung vun der Gemeng an deene verschiddene Beräicher matwierken an sech fir d'Leit asetzen. Déi aktuell an folgend Generatiounen brauchen eng nohalteg Politik an dofir setzen ech mech mat enger dynamescher Equipe an.

A firwat bei "déi gréng" ?

De Mënsch, d'Emwelt, d'Zesummeliewen, nohalteg Politik, daat alles sin d'Wärter déi bei "déi gréng" wichteg sin a mat deenen ech mech indentifizéieren kann.
Sujet'en wéi ënnert aanerem de Klimawandel oder abordabele Wunnraum betreffen och méng Kanner an hei ass all Iddi, déi zu enger positiver Ännerung ka féieren, wëllkomm.