background background

Suessem

Marc Wegener

  • Member
  • Alter : 51
  • Familljestand : Partenariat
  • Wunnuert : Bieles
  • Beruff : Professeur - Ingénieur
  • politescht Engagement : Member vun déi gréng Suessem
  • perséinlecht Engagement : Member vum CA Eurosolar Lëtzebuerg - Member vun der Conférence du Lycée - Membre vum Conseil de Discipline - Member vum Nohaltegkeetsgrupp - Member vun der Équipe curriculaire Smart Technologies
  • Hobby a Fräizäit : Kachen, Liesen (Fachbicher, Roman, Krimi, asw), Spadséiere
  • Interessien : Promotion vun den Erneierbare Energien an der Energietransition
  • Zitat : "Mënschen, déi verréckt genuch sinn ze denken, si kéinten Welt veränneren, sinn och déi, déi et maachen." (Steve Jobs)

Wisou kandidéieren ech fir déi nächst Gemengewalen ?

Demokratie lieft vum Matmaachen. Ech hunn déi lescht Joeren bei "déi gréng Suessem" matgeschafft a konnt vill verschidde Iddien aus de Beräicher Bildung, Finanzen, Energie, Soziales  a Wirtschaft mat hinnen diskutéieren. Dobäi goufen ëmmer vill verschidden Facetten ugeschwat an d'Bereetschaft fir ee Kompromëss ze fannen stoung ëmmer un éischter Platz. Duerch meng Kandidatur wëll ech "déi gréng Suessem" weider stäerken fir dass gréng Politik an eiser Gemeng kann ëmgesat ginn.

A firwat bei "déi gréng" ?

Ech kandidéiere bei "déi gréng" well ech mech fir eng glafwierdeg, nohalteg Politik fir jiddereen asetzen wëll. Ëmweltschutz, Fräiheet a Gerechtegkeet, Fridden an Mënscherechter sinn fir mech wichteg an ech fannen mech do an der Famill vun "déi gréng" ganz gutt erëm.