background background

Suessem

Lynn Faber

  • Member
  • Alter : 22
  • Familljestand : leedeg
  • Wunnuert : Éilereng
  • Beruff : Studentin an der Philosophie an an der Politikwëssenschaft
  • politescht Engagement : Member vun déi gréng Suessem - Member vun déi jonk gréng
  • perséinlecht Engagement : Member vun der Studienvertretung Philosophie Innsbruck - Member vun de Lëtzebuerger Studenten zu Innsbruck - Member vu GRAS (Green and Alternative Students Innsbruck)
  • Hobby a Fräizäit : Liesen, Vëlo fueren, Kachen
  • Interessien : Ëmwelt a Natur, Mobilitéit, Literatur, Konscht, Gender a Gläichberechtegung
  • Zitat : Man kann einen Menschen nichts lehren, man kann ihm nur helfen, es in sich selbst zu entdecken. (Galileo Galilei)

Wisou kandidéieren ech fir déi nächst Gemengewalen ?

Politik huet mech schonn ëmmer interesséiert.
Dat net nëmmen op nationalem an internationale Plang, mee virun allem och op Gemengenniveau. Ech denken et ass ni ze fréi fir sech politesch ze engagéieren a fir seng Meenung anzestoen. Grad duerch mäin Studium hunn ech e groussen Abléck an di international Politik. Ech wëll mäi Wëssen a meng Erfarung an der Praxis uwenden an d'Zukunft vun eiser Gemeng matgestalten. Eis Gemeng brauch jonk a motivéiert Léit, déi sech fir d'Bierger asetzen. Ech wëll modernen a frësche Wand an eis Gemengepolitik bréngen. Ech si fest dovunner iwwerzeegt, datt eis dynamesch Ekipp de richtege Choix ass fir dat ëmzesetzen. Zukunft ass gréng a mär schafen Zukunft. 

A firwat bei "déi gréng" ?

A wei enger Welt well ech liewen?
Wéi eng Welt wëll ech fir meng zukünfteg Kanner, meng Enkelkanner? Fir meng Matmënschen? Wichteg Punkte fir mech sinn hei de Klimawandel, d'Gläichberechtegung an d'Meenungsfräiheet. Ech wëll mech fir eng fräi, nohalteg, ëmweltbewosst, fair,..., kuerz gréng Politik fir muer asetzen. Ech freeë mech dëse Wee zesumme mat de Gréngen ze goen.