background background

Suessem

David Rammella

  • Comitésmember
  • Alter : 37
  • Familljestand : gepacst, Papp vun 2 Bouwen
  • Wunnuert : Bieles
  • Beruff : Gestionnaire des dossiers Santé
  • politescht Engagement : Member vun déi gréng Suessem - Member vun der Jugendkomissioun - Member vun der Sportskomissioun - Member vum Comité de pilotage "Pakt vum Zesummenliewen"
  • Mandater : Comitésmember vun déi gréng Suessem
  • perséinlecht Engagement : Member vum Eltererot vun der Schoul Roudewee
  • Hobby a Fräizäit : Vëlofueren, Laafe goen, nei Sproochen an Kulture kenneléieren.
  • Interessien : Erzéiung, Kultur, Sozialberäich, Mobilitéit, Sport

Wisou engagéieren ech mech an der Gemengepolitik ?

Politesch Themen hun mech ëmmer interesséiert.
Wou ech dun viru 6 Joer décidéiert hunn fir mech aktiv un der Lokalpolitik ze bedeelegen an mech déi lescht Joeren ëmmer un méi Diskussiounen an Projeten bedeelegt hunn, war d´Fro am Endeffekt: Wisou net ?
Duerch mäi Kontakt mat der Jugend an den Elteren deen ech hun, kann ech dozou bäidroen hier Ideen an Wënsch weiderzegin.

A firwat bei "déi gréng" ?

Meng perséinlech Iwwerzeegung den zukünftegen Generatiounen d'Welt e Stéck besser ze hannerloossen, an e grousse perséinlechen Interessi un den verschiddenen Sozialthemen hun dës Entscheedung einfach gemaach.
Bei der grénger Partei fillen ech mech der Diskussioun, an de Wäerter déi se vertrëtt immens no.