background background

Suessem

Christiane Theis

  • Comitésmember
  • Alter : 56
  • Familljestand : bestuet, Mamm vun 2 Kanner (e Jong vun 23 an e Meedche vun 21)
  • Wunnuert : Zolwer
  • Beruff : Léierin
  • politescht Engagement : Member vun déi gréng Suessem - Member vun der Seniorekommissioun - Member vun der Kulturkommissioun - Member vum nationalen Aarbechtsgrupp "Éducatioun"
  • Mandater : Comitésmember
  • perséinlecht Engagement : Member vun der Amicale vum Escher LHCE - Member vun der Amicale vum Escher Kolléisch - fréier Sekretärin vum Eltererot vum Lycée Hubert Clément Esch
  • Hobby a Fräizäit : méng Katzen, liesen, wanderen, Pilates, Kino, reesen, Stied entdecken
  • Interessien : Erzéiung, Sozialberäich, aner Kulturen, Déieren, Literatur, Konscht an Ëmwelt
  • Zitat : "Die Freiheit des einzelnen endet dort, wo die Freiheit des anderen beginnt" (Immanuel Kant)

Wisou engagéieren ech mech an der Gemengepolitk ?

Ech wunnen zënter 55 Joer an der Gemeng Suessem an si léit mir einfach um Häerz. Duerch Engagement kann jiddwer eenzelen e kléngt Stéck dozou bäidroen, fir eis Gemeng méi liewenswäert ze maachen. An der Gemengepolitik ass een no beim Bierger an et kann een, zesummen mat enger dynamescher Equipe, Gräifbares ëmsetzen, ëmsou méi wann een mat an der politescher Verantwortung ass.

A firwat bei "déi gréng" ?

Bei "déi Gréng" steet de Mënsch an d'Ëmwelt am Mëttelpunkt, an dat ass fir mech dat Wichtegst, fir eng liewenswäert Zukunft virun eis ze hunn. Mir diskutéieren bei de Gréngen oppen iwwert Themen, a schaffen drun, fir als Equipe Léisungen ze sichen, an dobäi net just kuerzfristeg Interessen virun Aen ze hunn, mee laangfristeg fir d'Zukunft ze plangen.