background background

Suessem

GRÉNG STELLUNGNAM ZUM BUDGET 2025

De leschte Freideg ass de Suessemer Gemengebudget 2025💸 mat de Stëmme vun de Majoritéitsparteien an de Piraten ☠️ guttgeheescht ginn.

DÉI GRÉNG SUESSEM hunn sech beim Vote enthaalen.

Den LSAP/CSV Budget vum nächste Joer dréit den Titel „Verantwortung, Solidaritéit a nohalteg Visioun“.

Bei VERANTWORTUNG a SOLIDARITÉIT soe mär JO. Et ass ee viirsechtege Budget, dee ganz wéineg, awer leider net guer keng, gréisser, onnéideg a risikoräich Investissementer a Projete virgesäit an deen trotzdeem genuch finanziell Mëttelen ënner anerem fir Bildung, Kannerbetreiung a fir de sozialen Zesummenhalt an eiser Gemeng virgesäit.

ENG NOHALTEG VISIOUN ass dëse Budget fir eis Gréng awer MAT SÉCHERHEET NET ! ❌

➡️ Et feelen däitlech Akzenter an ee kloert Konzept fir eng besser Mobilitéit, eng besser Verkéierssécherheet an eng besser Park- a Verkéierssituatioun 🚲🚗🚌.

➡️ Et feelt eng verbindlech Strategie fir méi Klima- an Ëmweltschutz, méi Klimaresilienz, eng besser Upassung un de Klimawiessel an eng schnell Energietransitioun 🌳🌻💨.

➡️ D’Ënnerstëtzung fir eis Biergerinnen a Bierger an dëse Beräicher ass bis elo entweder lächerlech oder guer net existent.