background background

Suessem

E Klimaresiliente Bësch fir d'Rue de l'Industrie zu Suessem

An der Gemengerotssëtzung vum 13. Januar hu mär eis fir eng “klimaresilient” Neiplanzung vum klenge Bësch hannert der Rue de l’Industrie zu Suessem agesat. Och ee Réaménagement vum Wee fir de Foussgänger an de Vëlo hu mär dobäi gefrot.

Déi lescht Joren hunn op enger Rei Plazen am Land d’Bestänn vu Nolebeem aus verschiddene Grënn gelidden (waarm an drësche Summeren, Kränkt, Borkenkäfer etc.). Zu de Bestänn, déi ofgestuerwe sinn, gehéiert och de klenge Bësch tëschent der Rue de l’Industrie zu Suessem an de Gleise vun Arcelor-Mittal. Dee betreffende Beräich ass am PAG vun der Gemeng als Zone forestière ausgewisen. Während de Joren 2018 bis 2020 sinn do d‘Nolebeem zum gréissten Deel ofgestuerwen, mat der Konsequenz, datt engersäits fir d’Awunner vun der Rue de l‘Industrie eng Ofschiermung Richtung d’Zone d’activités économiques Gadderscheier verluergaangen ass, an anerersäits ee säit mindestens 20 Joer bestoende Wee, deen duerch dee betraffene Nolebambestand verlaf ass, net méi notzbar ass. Béides huet ee negativen Afloss op d‘Liewensqualitéit vun de Leit an deem Raum, ee Raum deen duerch aner Faktore scho staark beaflosst ass (Emissioune vun der Zone d’activités économiques, dem Traffic op dem C.R. 175 an op der A13 etc.).

Folgend Froen hu mär dem Schäfferot gestallt:

  1. Ass de Schäfferot sech där Situatioun, am Beräich vun der genannter Zone forestière, bewosst?
  2. Deelt de Schäfferot déi Usicht, datt de Verloscht vun der Ofschiermung a vum Wee ee negativen Afloss op d’Liewensqualitéit vun de Leit an deem Raum huet?
  3. Am Fall vu Jo a wuelwëssend, datt den Terrain der Arcelor-Mittal gehéiert, ass de Schäfferot bereed eppes ze ënnerhuelen fir d’Situatioun an deem genannte Raum ze verbesseren, sprëch dozou bäizedroen, datt nei an am beschte klimaresilient Uplanzunge gemaach ginn an d’Duerchgängegkeet vum Wee nees hiergestallt gëtt?

An hirer Äntwert sot d’Madamm Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz:

  • datt d’Firma Arcelor Mittal d’Autorisatioun huet fir déi futtis Beem ofzeholzen a gläichzäiteg vun der Ëmweltverwaltung d’Oplag krut fir duerno bannent 2 Joer eng Neibeplanzung ze maachen,
  • datt si dem Fierschter den Optrag ginn huet fir mat Arcelor Mittal Kontakt opzehuelen a schnellstméiglech eng Neibeplanzung an d’Wee ze leeden,
  • datt ee beim Wee erausfanne muss weem e gehéiert an duerno kucke muss wéi een dëse Wee erëm notzbar maache kann.

De ganzen Detail kënnt där ënnert folgendem Link nolauschteren: