background background

Suessem

Eist gréng Spëtzenduo - Frësche Wand fir d'Gemeng Suessem

Start vun der grénger Walcampagne fir d’Gemeng Suessem 

déi gréng Suessem presentéieren hir Spëtzekandidat*inne fir d’Gemengewalen 2023.

De Serge Faber an d’Fabienne Erpelding sollen déi gréng Suessem 2023 un der Spëtzt vun enger dynamescher a motivéierter Equipe an d’Gemengewalen féieren.

Mär alleguer wënschen hinne vill Kraaft, vill Ausdauer a virun allem vill Chance an e gutt Geléngen.

Fabienne ERPELDING – Serge FABER

“De Schäfferot huet 6 Joer laang gekuckt, analyséiert an iwwerluecht.
Lo ass et un der Zäit, datt erëm eppes geschafft an ëmgesat gëtt,
Lo ass et erëm Zäit fir déi gréng am Suessemer Schäfferot”

Serge Faber
Een Deel vun eis bei eiser Generalversammlung
Fabienne Erpelding