background background

Suessem

Adaptatioun vun de Waasser- an Ofwaassertaxen

déi gréng Suessem hunn an der Gemengerotssëtzung vum 31. Mee eng Adaptatioun vun der Waasser- an Ofwaassertaxe matgestëmmt.

Wisou a firwat ? Wat waren eis Argumenter ?

Dat kënn där an eiser Stellungnam hei ënnendrënner noliesen oder am Audio vun der Gemengerotssëtzung nolauschteren.

ADAPTATIOUN VUN DE WAASSER- AN OFWAASSERTAXEN

Waasser a besonnesch proppert Drénkwaasser ass eng vun de wäertvollste Ressourcen déi mär op eisem Planéit hunn. Ouni Waasser ass e Liewen op der Äerd, egal ob Mënsch, Déier oder Planzen, guer net méiglech. Dofir muss Waasser besonnesch geschützt ginn.

Et huet och nach laang net jiddfereen d’Chance, esou wéi mär, fir Zougang zu propperem Drénkwaasser ze hunn.

Zu Lëtzebuerg kënnen mär eis esouguer de Luxus erlaabe fir eis Wäschmaschinne gréisstendeels nach mat Drénkwaasser lafen ze loossen oder eis Toilette mat Drénkwaasser ze spullen.

Laut der europäescher „Waasserdirektive“ vun 2000, déi duerch eist „Waassergesetz“ vun 2008 ëmgesat gouf,  muss de Waasserpräiss ab dem 1. Januar 2010 zu Lëtzebuerg käschtendeckend sinn. Esou steet et an der Sektioun 2 vum Waassergesetz betreffend d’Tarificatioun vum Waasser. D’Prinzipië vum „utilisateur-payeur“ a vum „pollueur-payeur“ sinn also gesetzlech virginn a stinn ausser Fro.

Am Dezember 2018 hat de Gemengerot eng lescht Upassung vun de Waassertariffer gestëmmt, déi den 1. Juli 2019 a Kraaft getrueden ass.

Duerch déi allgemeng Präissdeirecht, awer och duerch verschidde sënnvoll an onemgänglech Investissementer an de Waasser- an Ofwaasserreseau, ass de Waasserpräiss bei eis an der Gemeng net méi käschtendeckend an Taxen fir Wasser an Ofwaasser mussen adptéiert ginn.

D’Propose vum Schäfferot, eng Erhéijung fir déi 4 Secteuren: Haushalter, Industrie, Landwirtschaft an Horeca, ass eiser Meenung no fair a berout deelweis op Recommandatioune vun der AGE (Admin. de la gestion de l’eau).

Aus dëse Grënn hunn déi gréng also fir déi proposéiert Adaptatioun vun de Waasser- an Ofwaassertaxe gestëmmt.

Laut der WHO brauch e Mënsch +/-100 Liter Waasser pro Dag fir seng Bedierfnisser ze decken.

Laut enger Étude vun der AGE vun 2019 louch de Waasserverbrauch zu Lëtzebuerg bei enger Moyenne vun 136 Liter/Awunner/Dag a laut den Zuele vun Eurostat, dem IFEN (Institut Français de l’Environnement) an dem Conseil mondial de l’eau läit dës Moyenne zu Lëtzebuerg tëschent 130-160 Liter/Awunner/Dag.

2016, wéi déi gréng nach am Schäfferot waren, hate mär eisem Koalitiounspartner LSAP scho virgeschloen fir de Waasserpräiss ze staffelen. Stéit déi iwwerduerchschnëttlech vill Waasser pro Kapp a pro Dag verbrauchen, sollten dobäi och méi fir hiren iwwerduerchschnëttleche Waasserkonsum bezuelen. Leider konnt dëst virun de Gemengewalen vun 2017 net méi ëmgesat ginn. 

Eis kloer Positioun konnt een esou awer och an eisem leschte Walprogramm fannen: „Wir wollen einen kostendeckenden und gestaffelten Wasserpreis einführen, der Wassersparen attraktiv macht. Parallel zu dem kostendeckenden Wasserpreis werden wir einen sozialen Ausgleich (Allocation de vie chère) für einkommensschwache Haushalte vorsehen.

Un dëser Fuerderung wäert sech och an eisem Walprogramm fir d’Gemengewale vun 2023 näischt änneren.

Drénkwaasser ass eng wäertvoll Ressource a wäert an Zukunft nach vill méi wäertvoll, well méi rar, ginn. Waasser dierf deemno net ouni Mooss verbraucht a liichtfankeg verbëtzt ginn.

A genee well Waasser esou wäertvoll ass, halen déi gréng och näischt vun der Iddi vu „Gratis-Waasser“, wou all Awunner eng gewësse Quantitéit u Waasser (tëschent 20-50 Liter) pro Dag gratis géif kréie fir seng Grondbedierfnisser (Drénken, Kachen, Hygiène) ze stëllen.

2012 schonn huet de grénge Gemengen-Aarbechtsgrupp dozou eng Resolutioun geholl wou et heescht: “Die gratis Vergabe von Trinkwasser ist ein falsches Signal und hilft keineswegs, in Luxemburg Wasser sparsamer zu gebrauchen.“ (https://greng.lu/aktualiteit/wertvolles-wasser-schuetzen-nicht-verschenken/).

Laut eisen Infoe gëtt „Gratis-Waasser“ aktuell och net méi vun der Regierung erlaabt, verstéisst géint d’europäesch Waasserdirective a steet domatte guer net méi zur Diskussioun.

Bieles, den 31. Mee 2022,

déi gréng Suessem,