background background

Suessem

Yann Wintersdorf

  • Sekretär vun déi gréng Suessem - Comitésmember
  • Alter : 27
  • Familljestand : leedeg
  • Wunnuert : Bieles
  • Beruff : Geschichtsenseignant am Secondaire
  • politescht Engagement : Member vun déi gréng Suessem - Member vun der Verkéierskommissioun - Member vun déi jonk gréng
  • Mandater : Comitésmember a Sekretär vun déi gréng Suessem
  • perséinlecht Engagement : Member vum Comité de la Conférence (Lycée Technique Lalléng) - parascolaire Aktivitéiten
  • Hobby a Fräizäit : Mountainbike, Politik, Liesen, Kulinarik, Videospiller
  • Interessien : Politik, Sport, Mobilitéit, Ëmwelt, Schoul
  • Zitat : "Education is one of the blessings of life — and one of its necessities" (Malala Yousafzai)

Wisou engagéieren ech mech an der Gemengepolitik ?

Ech engagéiere mech, well ech an där Gemeng, an déier ech opgewuess sinn d’Zukunft aktiv wëll matgestalten.
Mär ass wichteg, datt mär alleguer zesummen zu Suessem a generell am schéine Süden e gutt Liewe kënne féieren.
Dozou gehéiere fir mech eng gutt Schoulbildung an e gutt niewen- an ausserschoulescht Encadrement fir all d’Kanner, natierlech Erhuelungsméiglechkeeten, en duerchduecht Verkéierskonzept, dat all Verkéiersmëttel mat abezitt, bezuelbaren a verfügbare Wunnraum a gesond Finanzen, déi dat Ganzt eréischt erméiglechen.
Ech wënsche mär, datt mär all – ouni op den Alter, de sozialen Hannergrond oder eng Nationalitéit ze kucken – zesummen no vir kucken an eis esou eng gesond a nohalteg Zukunft schafen.

A firwat bei "déi gréng" ?

Dat ass ganz einfach: „Our house is on fire!” (Greta Thunberg)
Menger Meenung no léisst engem d’Klimakris – jo Kris! et ass net just e Wandel – keng aner Méiglechkeet, ewéi sech fir gréng a sozial Themen anzesetzen, wann een eeschthaft dorun interesséiert ass eng verantwortungsvoll Politik fir zukünfteg Generatiounen ze maachen.