background background

Suessem

Alain  Cornély 

  • Comitésmember
  • Alter : 67
  • Familljestand : bestuet
  • Wunnuert : Suessem
  • Beruff : pensionéierte Bankbeamten
  • politescht Engagement : Member vun der Finanz- a vun dert Sportskommissioun - Comitésmember vun déi gréng Suessem
  • Mandater : fréiere Member vum Gemengerot
  • perséinlecht Engagement : Member vum Conseil d'administration vum Daachverband vun de Letzebuerger Jugendstrukturen (Funktioun: Trésorier) - Member vum Conseil d'Administration vum Jugendtreff SABA asbl. Suessem,Dippech a Kaerjeng (Funktioun: President an Trésorier) - Member vum Conseil d'Administration vum Jugendtreff Déifferdeng asbl. (Funktioun: Trésorier)
  • Hobby a Fräizäit : Sport, Reesen, Schachspillen, mat Famill an Frënn zesumme sinn
  • Interessien : Sozialberäich, Ëmwelt a Natur, all Aarte vun Sport, Konscht, Finanzen
  • Zitater : Gestalte deine Zukunft so wie sie dich glücklich macht - Redende wissen nicht viel, Wissende reden nicht viel

Wisou kandidéieren ech fir déi nächst Gemengewalen ?

Zënter ville Joeren sin ech an der "grénger Partei" engagéiert an dat aus perséinlecher Iwwerzeegung, ...well Klima- an Emweltschutz bei jidder engem Eenzelnen ufänkt, ...well ech mech an der Gemengepolitik asetze kann fir déi Werter fir déi "déi gréng" stinn, wéi zum Beispill Biergerbedeelegung, Demokratie a sozialt Zesummenliewen an ...well et mer eng perséinlech Zefriddenheet gëtt fir mech fir anerer anzesetzen.

A firwat bei "déi gréng" ?

Als verantwortungsbewosste Mënsch hunn ech säit 1992 den Opbau vun eiser Lokalsektioun "déi gréng Suessem" matbegleet, well ech mech mat menge perséinleche Wäerter bei "déi gréng" remfont hunn.